
D’Aschreiwunge fir den ZLSK 2022-2023 sinn elo op!
Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?
Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt vum Hierscht 2022 un erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.
D’Formatioun vun 120 Stonne (online a Presenz) riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.
Nei dëst Joer ass, dass den ZLSK am sougenannte „blended learning“ Format ugebuede gëtt. Ongeféier d’Hallschent vun der Formatioun bleift a Presenz a wäert ënnert der Form vun Ateliere stattfannen (samschdes, ëmmer vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer).
D’Formatioun leeft vu September 2022 bis Mee 2023 (déi genee Datumer ginn nach kommunizéiert).
Den Tarif ass 100 € pro Semester.
De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 10. Juli 2022.
All weider Informatiounen ënnert zlsk.inll.lu