D’Aschreiwunge fir den ZLSK 2021-2022 sinn elo op!

D’Aschreiwunge fir den ZLSK 2021-2022 sinn elo op!

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Den „Institut national des langues“ (INL) bitt ab Hierscht 2021 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) un.

D’Formatioun vun 120 Stonne riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.

D’Formatioun ass 20x samschdes, vun Oktober 2021 bis Mee 2022 (déi genau Datumer ginn nach kommunizéiert), ëmmer vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer.

Den Tarif ass 100 € pro Semester.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 10. Juli 2021.

All weider Informatiounen ënnert zlsk.inll.lu