Le contenu de cette page n’est disponible qu’en langue luxembourgeoise.
This page is only available in Luxembourgish.

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK)

Zilgrupp

D’Formatioun riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.

Schwéierpunkten

De Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn. De spéidere Formateuren déi néideg theoretesch a praktesch, fachlech grad ewéi methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

Inhalt

3 Modullë vun am Ganzen 120 Stonnen:

  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

Ausserdeem ass och iwwert de Wee vun engem Tutorat e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“ an d’Formatioun integréiert.

Evaluatioun

D’Leeschtung an deenen eenzelne Modullë gëtt duerch Tester, schrëftlech Aarbechten a perséinlech Presentatiounen iwwerpréift. D’Notatioun ass op 20. Eng regelméisseg Präsenz an en aktiivt Matschaffen an de Coursë gëtt virausgesat.

Ofschloss

Kandidaten, déi déi 3 Modullë mat Erfolleg ofgeschloss hunn, kréien den „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) , deen hinnen et erlaabt, iwwert en Agreement vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Lëtzebuergesch-Coursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze ginn.

Viraussetzunge fir ugeholl ze ginn

  • „Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique“ oder en equivalenten (homologéierten) Diplom, mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen (= Minimum Niveau C1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen), respektiv 7 Joer Scolaritéit am Grand-Duché am ëffentlechen oder privaten Enseignement no de Programmer vum Ministère;
  • op d’mannst 5 Joer Enseignement vum Lëtzebuergeschen an der Zäit virun 2009.

Nächst Sessioun

Oktober 2017

Kontakt

Carine Peller: Tel: 26 44 30-390
Email: carine.peller@inll.lu

NEIEGKEETEN

Semestre de printemps 2018 – le déménagement au Glacis s’annonce

Après 5 semestres de cours à l’INL- Kirchberg, le déménagement vers notre siège rénové INL-Glacis, 21, bd de la foire, s’annonce. Le déménagement se fera en 2 étapes. A partir du 19 février 2018, début du 2me semestre, toutes les classes de luxembourgeois seront transférées du Kirchberg au Glacis. A partir du 17 avril 2018, […]

Inscriptions pour les cours du printemps 2018

Les inscriptions ne sont pas encore ouvertes. À partir du 1 février 2018 : réinscriptions et bons prioritaires en ligne pour les cours de français A partir du 2 février 2018 : réinscriptions et bons prioritaires en ligne pour toutes les langues Du 5 au 7 février 2018 : nouvelles inscriptions pendant les journées d’inscription

Postes vacants : gestionnaires

L’INL recrute:   un gestionnaire du bureau des cours (m/f), fonctionnaire groupe B1, à temps plein Les candidats intéressés trouveront la description de poste, les conditions d’admission et les documents à fournir sur le site du gouvernement https://govjobs.public.lu/content/govjobs/fr/postuler/recrutement-interne/changement-administration/2017/B1/20171212-gestionnaire-Inl.html Date limite de candidature : 05 janvier 2018   un gestionnaire des certifications (m/f), fonctionnaire groupe C1, […]