Gitt Är Sich an

Oflaf

Zwee obligatoresch Tester:

1. Mëndlechen Ausdrock -– verlaangten Niveau: A2

Den Niveau vum mëndlechen Test entsprécht dem Niveau A2 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen an de Beräicher mëndlechen Ausdrock a mëndlech Interaktioun.

„De Kandidat oder d’Kandidatin ka sech virstellen a mat einfache Wierder iwwert seng/hir Famill, aner Leit, seng/hir Liewensëmstänn, seng/hir Ausbildung oder säin/hire Beruff schwätzen. Hien/Si kann och mat einfache sproochleche Mëttele Persounen, Saachen an Aktivitéite beschreiwen a vergläichen.”

2 Deeler:

  • Gespréich iwwert en Theema vum Niveau A2 (z. B. Aarbecht, Famill, Fräizäit …) mat engem Préiwer oder enger Préiwerin. De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent 2 Theeme wielen.
  • Beschreiwung vun engem visuelle Support. De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent 3 verschidde Medie wielen.

Evaluatiounskrittären: Repertoire, fléissenden Ausdrock, Däitlechkeet, Benotze vu grammatikalesche Strukturen, Kohärenz, Fäegkeet, sech verständlech ze maachen, Interaktivitéit.

Dauer: 10 Minutten (2 x 5)

Den Exame fir d’Héierverstoe kann um Tablette oder op Pabeier gemaach ginn. 

Tablette: Mëndlechen Ausdrock an Héierverstoen an engem hallwen Dag. 

Pabeier: De Kandidat oder d’Kandidatin gëtt 2 Mol geruff.

Dauer : 25 minutes

Héierverstoen – verlaangten Niveau: B1

Den Niveau vum Test Héierverstoen entsprécht dem Niveau B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen.

De Kandidat oder d’Kandidatin

  • kann „d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Saache vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet.
  • gëtt an deene meeschte Situatiounen op der Rees oder an enger Regioun, an där d’Zilsprooch geschwat gëtt, eens.”

Héierverstoe vun 3 Texter:

  •  eng Radiosnoriicht.
  • e Gespréich iwwer en alldeeglecht Theema.
  • en Dialog oder eng Presentatioun iwwer e bestëmmt Theema.

Fir all Ecoute gëtt e Questionnaire verdeelt, op deem déi richteg Äntwerten unzekräize sinn. (lien plus haut).

Reussite

Fir den Examen ze packen, muss de Kandidat resp. d’Kandidatin op d’mannst d’Hallschent vun de Punkten am Test iwwer de mëndlechen Ausdrock kréien.

Eng Nott vu manner ewéi der Hallschent vun de Punkten am Test iwwer de mëndlechen Ausdrock ka mat der Nott am Test iwwer d’Héierverstoe kompenséiert ginn. An deem Fall gëllt de Sproochentest als bestanen, wann d’Moyenne vum Héierverstoen a vum mëndlechen Ausdrock bei op d’mannst 50 % läit.

Virbedéngungen & Aschreiwung

1.

Fir d’Aschreiwung si 75 € op den IBAN Kont LU 52 0019 3155 4636 4000.
BIC: BCEELULL.
Titulaire vum Kont: TS-SEGS Institut national des langues.

2.

De kompletten Dossier ass un den INLL ze schécken oder op der Plaz ofzeginn, mat:

  • engem Aschreiwungsformulaire, deen a grousse Buschtawen auszefëllen ass.
  • enger Fotokopie vum Pass vum Kandidat resp. der Kandidatin.
  • engem Avis de débit vun der Bank, dee beleet, datt d’Aschreiwungskäschte bezuelt sinn.

Nëmme Kandidat(inn)en, déi e kompletten Dossier am INLL ofginn, sinn ugemellt.

D’Zuel vun de Kandidaten, déi sech fir den Test aschreiwe kënnen, ass begrenzt. D’Demandë ginn dem Datum no, op deem se rakomm sinn, ugeholl. Déi Kandidat(inn)en, déi net konnten zréckbehale ginn, hu Prioritéit bei der Aschreiwung an déi nächst Sessioun.

3.

De Kandidat resp. d’Kandidatin kritt spéitstens 2 Woche virum éischten Test de geneeën Datum an d’Auerzäit schrëftlech matgedeelt. Wann de Kandidat resp. d’Kandidatin dësen Horaire net respektéiert, gëtt en/si vum Test ausgeschloss.

All Kandidat(in) muss sech virum Sproochentest mat deem Dokument kënnen ausweisen, dat als Kopie bei senger/hirer Aschreiwung agereecht gouf.

E Kandidat resp. eng Kandidatin, deen/déi ouni Grond vum Test zerécktrëtt oder net an den Test kënnt, kritt seng/hir Aschreiwungskäschten net erëm a muss sech nei aschreiwen.

Aussergewéinlech Ëmstänn

Wann eng Persoun mat Behënnerung sech aschreift, suergt den INLL fir déi materiell Installatioun oder déi perséinlech Hëllef, déi et där Persoun erlaabt, esou gutt wéi méiglech um Test deelzehuelen. An alle Fäll muss en offiziellt Dokument vun enger medezinescher Autoritéit virleien. Dëst Dokument muss mam Aschreiwungsdossier agereecht ginn.

*Als Identitéitsdokumenter gëllen:

  • den auslännesche Pass.
  • d’Identitéitskaart (vun den zoustännegen auslänneschen Autoritéiten ausgestallt).
  • den Titre de séjour fir Flüchtlingen (vum Aussen- an Europaministère ausgestallt).
  • den Titre de séjour fir Staateloser (vum Aussen- an Europaministère ausgestallt).
  • den Titre de séjour fir Auslänner (vum Aussen- an Europaministère ausgestallt).
  • d’Carte de séjour (vum Aussen- an Europaministère ausgestallt).
  • de Certificat vun der Direction de l’Immigration vum Aussen- an Europaministère, deen attestéiert, datt de Kandidat resp. d’Kandidatin als Flüchtling am Sënn vun der Genfer Konventioun iwwer de Statut vu Flüchtlinge vum 28. Juli 1951 unerkannt ass.

Beispiller vun Tester

D’Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch ginn am Kader vun zwee Tester evaluéiert. Hei si Beispiller fir déi zwee Tester.

1. Mëndlechen Ausdrock

Éischten Deel: Gespréich

De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent zwee Theeme wielen, déi de Préiwer resp. d’Préiwerin proposéiert.

Zweeten Deel: E visuelle Support beschreiwen
De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent dräi visuelle Supporte wielen an een dovunner beschreiwen.

Beispiller vu visuelle Supporten:

2. Héierverstoen

audio Fichier am MP3-Format fir erofzelueden (3,2 Mo)

Wou kann een de Sproochentest maachen?

Luxembourg – Glacis Méi Informatiounen