Le contenu de cette page n’est disponible qu’en langue luxembourgeoise.
This page is only available in Luxembourgish.

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK)

Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt ab Hierscht 2019 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.

Zilgrupp

D’Formatioun riicht sech u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte  Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.

Schwéierpunkten

De Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn. De spéideren Formateuren déi néideg theoretesch a praktesch, fachlech grad ewéi methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

Inhalt

3 Module vun am Ganzen 120 Stonnen:

  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D’Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“.

Evaluatioun

D’Leeschtung an deenen eenzele Module gëtt duerch Tester (op 20 Punkten), schrëftlech Aarbechten, perséinlech Presentatiounen an eng Evaluation continue iwwerpréift. Eng regelméisseg Präsenz an en aktiivt Matschaffen an de Course gëtt virausgesat.

Ofschloss

Kandidaten, déi déi 3 Module mat Erfolleg ofgeschloss hunn, kréien den „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) , deen hinnen et erlaabt, iwwert en Agrément vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Lëtzebuergesch-Coursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze ginn.

Dauer an Horaire

D’ Formatioun ass folgend Samschdeger, ëmmer vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer:

28.09.19 / 05.10.19 / 12.10.19 / 19.10.19 /  09.11.19 / 16.11.19 / 23.11.19 / 30.11.19 / 07.12.19 / 14.12.19 (1.Semester)

11.01.20 / 18.01.20 / 25.01.20 / 01.02.20 / 08.02.20 / 29.02.20 / 07.03.20 / 14.03.20 / 21.03.20 / 28.03.20 (2.Semester)

Tarif

100 € pro Semester

Viraussetzunge fir ugeholl ze ginn

  • „Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique“ oder en equivalenten (homologéierten) Diplom, mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen Minimum Niveau C1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen), respektiv 7 Joer Scolaritéit am Grand-Duché am ëffentlechen oder privaten Enseignement no de Programmer vum Ministère;
  • op d’mannst 5 Joer Enseignement vum Lëtzebuergeschen an der Zäit virun 2009.

Kandidatur

De perséinlechen Dossier soll schrëftlech mat dësen Dokumenter agereecht ginn:

  • Aschreiwungsformulär;
  • Kopie vum Premièresdiplom oder eng (homologéiert) Equivalenz;
  • Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat, souwéi déi perséinlech Virstellungen an Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 19. Juli 2019.

Eng Selektioun gëtt opgrond vum Dossier gemaach.

Kontakt

Institut national des langues

21, bd de la Foire
L – 1528 Luxembourg

Carine Peller: Tel: 26 44 30-390
E-Mail: carine.peller@inll.lu

Weider Informatiounen

Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 déterminant l’organisation de la formation préparant au „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“

http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2009/11/06/n3/jo

NEIEGKEETEN

Literaresch Table ronde den 23.10.2019 um 19.00 Auer

 Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19.00 Auer am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis: Roland HARSCH (2001: Laub und Nadel) Nico HELMINGER (2014: Abrasch / 2018: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge) Roland MEYER (2015: Roughmix) […]

Réinscriptions à partir du 09/09/2019 via MyINL

Nous nous excusons pour le ralentissement de notre Portail qui est dû au trafic intense des réinscriptions. Veuillez patienter et réessayer plus tard de vous réinscrire.

Journées d’orientation et d’inscription 16.09 & 17.09 & 23.09

Uniquement sur rendez-vous via MyINL : https://inscription.insl.lu/cll_public_da.aspx

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Den „Institut national des langues“ (INL) bitt ab Hierscht 2019 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) un. D’Formatioun vun 120 Stonne riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte  Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen. D’ Formatioun ass folgend Samschdeger, ëmmer vun 9-12 […]