Et muss een zwou Epreuvë maachen:

DE MËNDLECHEN TEST / A2

1. Wat fir e sproochlechen Niveau gëtt verlaangt?

Den Niveau vum mëndlechen Test entsprécht dem Niveau A2 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen am mëndlechen Ausdrock:

„De Kandidat ka sech virstellen a mat einfache Wierder iwwert seng Famill, aner Leit, seng Liewensëmstänn, seng Ausbildung oder säi Beruff schwätzen. Hie kann och mat einfache sproochleche Mëttele Leit, Saachen an Aktivitéite beschreiwen a vergläichen.”

2. Aus wat besteet de mëndlechen Test a wéi leeft en of?

De mëndlechen Test besteet aus zwee Deeler:

  1. E Gespréich tëschent dem Préiwer an dem Kandidat iwwer e bestëmmtent Thema. De Kandidat kann tëschent zwee Theme wielen, déi de Préiwer him proposéiert. Méiglech Themen: Aarbecht, Beruff, Formatioun, Famill, Frënn, Hobbyen, Iessen an Drénken, Medien, Reesen, Vakanz, Sproochen …
  2. Beschreiwung vun engem Bild / enger Foto. De Kandidat kann tëschent dräi Biller oder Fotoe wielen, vun deenen hien eent / eng beschreift.

Den Test dauert ongeféier 10 Minutten.

3. Evaluatioun

Den Test gëtt virun zwee Préiwer ofgehalen. Dem Kandidat seng sproochlech Leeschtung gëtt direkt no der Epreuve separat vun deenen zwee Préiwer no dëse Kritäre bewäert:

  • Lexik, Bandbreet vum Voabulaire
  • Gebrauch vun den elementare grammatesche Strukturen
  • Flëssegkeet
  • Kloerheet
  • Aufgabenerfëllung
  • Kohärenz
  • Fähegkeet sech verständlech ze maachen
  • Interaktioun

D’HÉIERVERSTOEN / B1

1. Wat fir e sproochlechen Niveau gëtt verlaangt?

Den Niveau vum Test Héierverstoen entsprécht dem Niveau B1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen am Héierverstoen:

„De Kandidat kann d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Theme vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet. E kann aus ville Radios- oder Televisiounssendungen d’Haaptinformatioune verstoen, wann et ëm aktuell Evenementer an ëm Themen aus sengem Beruffs- oder Interessegebitt geet a wa se relativ lues an däitlech geschwat ginn.”

2. Aus wat besteet d’Héierverstoen a wéi leeft den Test of?

D’Héierverstoe besteet aus dräi Ecoutten:

  1. En Extrait aus den Noriichten iwwer en aktuellt Thema
  2. En alldeeglecht Gespréich tëschent zwou Persounen
  3. En Dialog oder eng Presentatioun iwwer e bestëmmtent Thema

De Kandidat lauschtert d’Toundokumenter an d’Questionnairen. No all Ecoute äntwert de Kandidat op d’Froen, andeems en déi richteg Äntwert um Äntwertblat ukräizt.

Den Test dauert ongeféier 25 Minutten.

3. Evaluatioun

D’Äntwertblieder vun de Kandidate gi separat vun zwee Préiwer mat Hëllef vun enger Verbesserungsvirlag ausgewäert.

CRITERË FIR ZE BESTOEN:

E Kandidat huet den Test gepackt, wann en am mëndlechen Deel op d’mannst d’Halschent vun de Punkte kritt huet.

Wann dës Punktzuel net errecht gëtt, ka mat de Punkten aus dem Testdeel Héierverstoe kompenséiert ginn.