Zil vum Cours
Um Enn vun dësem Cours, ofhängeg vun Ärem perséinlechen Investissement, sollt et Iech an der schrëftlecher wéi an der mëndlecher Kommunikatioun méiglech sinn:
- Kontakt ophuelen, begréissen, perséinlech Informatioune weiderginn
- Iech selwer wéi och eng aner Persoun virstellen
- Einfach Informatioune vermëttelen iwwert d’Famill, d’Aarbecht, Fräizäitaktivitéiten, Projeten, Vakanzen, d’Wunnsituatioun…
Aarbechtsmaterialien
Rezent Methoden, déi dem Niveau A1 vum europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) entspriechen.