Gitt Är Sich an

Eis Sproochecoursen

Mir setze virun allem op d’Stäerkt vum Dialog am Alldag. Eis professionell an engagéiert Ekipp fir Sproocheformatioune bitt Iech Coursen an engem angeneemen an inspiréirende Léierëmfeld un, fir datt Dir d’Sprooch, déi Dir ausgewielt hutt, ënnert deene beschte Bedéngunge léiere kënnt.

50, 100 oder 200 Minutte Sprooch praktizéieren

Eis Sproochenoffer baséiert integral op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS). Mir decken all d’Sproochenniveauen of, ugefaange beim Niveau A1. Eis Unterrechtsunitéite daueren 50, 100 oder 200 Minutten, wärend deenen all d’sproochlech Ressourcë vun eisen Apprenante(ë)n zum Asaz kommen.

Fir dëst Zil ze erreechen, ass eis Methodik besonnesch drop ausgeriicht, d’mëndlech Kommunikatioun ze aktivéieren, e selbstännegen Ëmgang mat der Sprooch ze fërderen, d’Reflexioun iwwer d’Léierprozesser unzereegen an d’Apprenante(ë)n opzefuerderen, sech reegelméisseg selwer ze evaluéieren.
D’Europäesch Kommissioun huet sech als Zil gesat, eng Kultur vum liewenslaange Léieren ze fërderen. An deem Kontext ënnerstëtzt d’Lëtzebuerger Regierung d’Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch iwwer e System vu Subventioune fir d’Lëtzebuergeschcoursen. Informéiert Iech hei iwwer eng finanziell Bäihëllef fir Äre Sproochecours.

Flexibel Unterrechtsunitéiten

Eis Offer besteet aus verschiddene Forme vu Coursen. Entscheet Iech fir dat Format, dat am beschte bei Iech passt:

Standardcours

  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, a gëtt Recht op e Kompetenzbilan.
  • 2 x oder 3 x d’Woch (jee no Niveau).

Kompaktcours

  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, a gëtt Recht op e Kompetenzbilan.
  • Maximal 2 x d’Woch.
  • Zilgrupp: Autonom Persounen, déi bereet sinn, Zäit ausserhalb vum Cours an hiren Apprentissage ze investéieren.

Standardcours + Schwéierpunkt Schreiwen

  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, a gëtt Recht op e Kompetenzbilan.
  • Ënnerscheeder zum Standardcours: Am Cours gëtt méi Gewiicht op d’schrëftlech Kompetenz geluecht.

Blended learning-Cours

  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, a gëtt Recht op e Kompetenzbilan.
  • Ofwiesselnd Unterrecht an der Klass an Online-Unterrecht. Déi zwou Forme vun Unterrecht sinn obligatoresch an ergänze sech.
  • Unterrecht an der Klass: 1 oder 2 x d’Woch e Cours vun 100 Minutten.
  • Online-Unterrecht: 1 x an der Woch ongeféier 100 Minutten Auto-Apprentissage.
  • Zilgrupp: Autonom Persounen, déi iwwer informatescht Material (PC, Laptop) mat enger Internetverbindung verfügen an domat ëmgoe kënnen.
  • Gutt Kenntnisser an der Textveraarbechtung (Office, E-Mailen …) an d’Gewunnecht an/oder de Wëllen, fir mat Applikatiounen, enger Cloud an Online-Plattformen ze schaffen, sinn d’Viraussetzungen, fir un dëser Zort vu Cours deelzehuelen.

Coursen a Form vu Workshoppen

  • Zilgrupp: Persounen, déi hire sproochlechen Niveau bäibehalen oder an engem méi entspaante Rhythmus ewéi an de Standardcoursë weiderkomme wëllen.
  • Nieft de Coursë kënnen zousätzlech Aufgaben ufalen.
  • Ass net un Evaluatioune gebonnen a gëtt deemno kee Recht op e Kompetenzbilan.

Intensivcoursë mat berufflecher Ausriichtung

  • Dauer: ongeféier 8 Wochen.
  • Ass un Evaluatioune gebonnen a gëtt Recht op e Kompetenzbilan.
  • Zilgrupp: Autonom Persounen, déi iwwer informatescht Material (PC, Laptop) mat enger Internetverbindung verfügen an domat ëmgoe kënnen, an déi bereet sinn, zousätzlech zu de Coursen nach op d’mannst 2 Stonnen den Dag an d’Léiere vum Fachvocabulaire ze investéieren (Zil: sozioberufflech Insertioun).

e-Learning Cours

  • Distanzcoursen zu festgeluechten Zäiten an Deeg iwwert Videokonferenz „Teams” oder „Zoom” mam Enseignant an der Klass
  • 2 x oder 3 x d’Woch en 100 Minutten Online-Unterrecht
  • baséiert op engem Aarbechtsplang, deen op der Grondlag vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) erstallt gouf
  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, déi Recht op e Kompetenzbilan ginn.
  • Zilgrupp: autonom Persounen, déi iwwer informatescht Material (PC, Laptop) mat enger Internetverbindung verfügen an domat ëmgoe kënnen (NB: E Smartphone eleng ass net empfuel.)
  • Gutt Kenntnisser an der Textveraarbechtung (Office, E-Mailen …) an d’Gewunnecht an/oder de Wëllen, fir mat Applikatiounen, enger Cloud an Online-Plattformen ze schaffen, sinn d’Viraussetzungen, fir un dëser Zort vu Cours deelzehuelen.

Hybride Cours

  • Unterrecht an der Klass ODER Online-Unterrecht, dee gläichzäiteg zu festgeluechten Zäiten an Deeg ugebuede gëtt. D’Apprenantë wiele fir all Cours déi Modalitéit (Presenz oder Online-Unterrecht) aus, déi hinnen am beschte passt, ausser véier Mol am Semester, well all d’Apprenanten um éischten Dag vum Cours an un deene vum Enseignant festgeluechten Datume Presenzunterrecht hunn. De Klassesall ass esou ausgerüst, dass d’Iwwerdroe vum Presenzunterrecht iwwert den Internet mat Hëllef vun de Plattforme Teams oder Moodle méiglech ass.
  • 2 x oder 3 x d’Woch wärend engem Semester
  • baséiert op engem Aarbechtsplang, deen op der Grondlag vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) erstallt gouf
  • Fir an den nächsten Niveau opgeholl ze ginn, gi wärend dem Semester lafend obligatoresch Evaluatiounen duerchgefouert, déi Recht op e Kompetenzbilan ginn.
  • Zilgrupp: autonom Persounen, déi iwwer informatescht Material (PC, Laptop) mat enger Internetverbindung verfügen an domat ëmgoe kënnen. (NB: E Smartphone eleng ass net empfuel.)
  • Gutt Kenntnisser an der Textveraarbechtung (Office, E-Mailen …) an d’Gewunnecht an/oder de Wëllen, fir mat Applikatiounen, enger Cloud an Online-Plattformen ze schaffen, sinn d’Viraussetzungen, fir un dëser Zort vu Cours deelzehuelen.

All d’Coursen, och déi fir Ufänger, gi vun Ufank un an der jeeweileger Zilsprooch ofgehalen.

Aschreiwungskäschten

Fir eis Coursë gëllen d’Aschreiwungskäschten, déi an der Offer u Coursen op MyINL ugewise ginn. 

D’Käschte fir de Kaf vum néidege Material an/oder vun de Léierbicher sinn net an den Aschreiwungskäschten abegraff. 
Enner gewësse Konditioune sinn d’Aschreiwungskäschten op 10 € reduzéiert. (cf. Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 27. Juni 2018 déi de Montant vun den Aschreiwungsfraise fir d’Coursen déi vum Institut national des langues organiséiert gi festleet.)

Aschreiwung

D’Aschreiwung leeft an e puer Etappen of, dozou zielt en Test, fir den Niveau de ermëttelen, an en individuellt Gespréich bei neien Aschreiwungen (ausser fir den Ufängerniveau A1). Dir kënnt den Aschreiwungsprozess zu all Moment vum Joer ufänken, fir en Niveau recommandéiert ze kréien an Iech op dëser Basis am September oder am Februar iwwer eist Portal MyINL anzeschreiwen.

Liewenslaangt Léieren

Dir wëllt Iech och an anere Beräicher weiderbilden? Da kuckt Iech hei déi vill Formatiounsbäihëllefen un.

Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS)

De Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) erlaabt et, Friemsproochekenntnisser an dräi Niveauen ze klasséieren: elementar (A), autonom (B) a kompetent (C) Benotzung vun der Sprooch.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.

Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech zu engem breede Spektrum vun Theeme spilles an am Grousse Ganze korrekt verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir d’Sprooch wierksam a flexibel benotzen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech spilles verstännegen a Nuancen am Zesummenhang mat komplexen Theemen erfaassen.