
Coursen: generell Coursen, spezifesch Coursen
Frequenz: 1 bis 3 mol pro Woch
Dauer vun enger Unitéit: 100 Minutten
Dauer vun de Coursen: 1 Semester
Plazen: INL-Glacis, INL-Mersch, INL-Belval
D’Lëtzebuergescht Departement
Am lëtzebuergeschen Departement vum INL schaffe 35 Enseignanten, déi alleguer Mammesproochler sinn, eng spezifesch Qualifikatioun an/oder eng laangjäreg pädagogesch Erfahrung hunn a sech duerch permanent Weiderbildungen um neitste Stand vun der Didaktik am Beräich vun der Erwuessenebildung halen.
Well d’Lëtzebuergescht am multilinguale Kontext vum Grand-Duché mat ëm déi 170 Nationalitéiten ëmmer méi zur Integratiounssprooch an der Schoul a besonnesch och als geschwate Sprooch zur „Lingua franca“ ginn ass, sinn eis Coursë ganz staark besicht.
Mir bidde Coursë vun den Niveauen A1 bis C1 un, déi alleguer konzipéiert sinn no de Kompetenzbeschreiwunge vum „Cadre européen commun de référence pour les langues“ (CECR) vum Europarot.
Nieft allgemenge Sproochcoursë kann een am INL och nach aner, méi spezifesch Coursë besichen wéi z. B. iwwer d’Lëtzebuerger Gesellschaft a Kultur, d’Lëtzebuerger Literatur, e Cours fir germanophon Apprenanten oder fir Leit, déi op Schichte schaffen.
Doriwwer eraus offréiert den INL zënter 2009 och d’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK), déi et erlaabt, iwwert en Agrément vum „Service de la formation des adultes“ (SFA) vum Unterrechtsministère Lëtzebuergesch-Coursë fir Erwuessener an de Gemengen an am conventionéierte Secteur ze ginn.
Ufänger-Niveau
Tëschen-Niveau
Fortgeschrëttenen-Niveau