INL_FR_201607_H3

Coursen: generell Coursen, spezifesch Coursen, intensiv Coursen

Frequenz: 1 bis 5 mol pro Woch

Dauer vun enger Unitéit: 100 Minutten

Dauer vun de Coursen: 1 Semester

Plazen: INL-Glacis, INL-Mersch, INL-Belval

D’franséischt Departement

Am franséischen Departement assuréiere 40 qualifizéiert Enseignante Franséischcoursë vun 8 bis 21 Auer, an dat fir bal all Niveau. Franséisch ass de meeschte vun eisen Enseignanten hir Mammesprooch. Si all hunn op franséischen Universitéite studéiert an en Diplom als FLE-Enseignant (Franséisch als Friemsprooch). Si hunn all laangjäreg Erfarungen an der Erwuessenebildung an huelen un den obligatoresche Weiderbildungscoursen deel.

Well Franséisch eng vun den offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg ass an eng Schlësselroll an der Integratioun vun neie Matbierger spillt, sinn d’Franséischcoursen um INL ëmmer méi gefrot. Am Moment hu mer pro Joer 5.000 Aschreiwungen.

D’Coursë si breet gefächert. Vum Ufängerniveau A1 bis zum zweethéchsten Niveau C1 bitt de franséischen Departement allgemeng Coursë fir déi Leit, déi mëndlech a schrëftlech Kommunikatioun wëlle léieren oder déi hir Kompetenze gär géife perfektionéieren.

Dernieft ginn et fir verschidden Niveaue modular opgebaute Coursë fir Leit, déi bestëmmte Kompetenze wëlle verbesseren – wéi z. B. d’Phonetik, déi schrëftlech oder déi mëndlech Kompetenzen –, oder Apprenanten, déi sech verstäerkt fir Business-Franséisch oder d’Kultur zu Lëtzebuerg interesséieren. Weiderhi gouf e spezielle Stonneplang opgesat fir Leit, déi am Horesca-Secteur schaffen, fir datt si a Coursë vu 15 bis 17 Auer kënne kommen.

Ufänger-Niveau

Tëschen-Niveau

Fortgeschrëttenen-Niveau

Spezifesch Coursen

 NEIEGKEETEN

Fermeture au public jusqu’au 3 mai 2020 inclus ! Les cours à distance seront maintenus!

AVIS OFFICIEL DU GOUVERNEMENT AU PERSONNEL ENSEIGNANT  DE L’INSTITUT NATIONAL DES LANGUES Luxembourg, le 2 avril 2020     Madame, Monsieur, Face au nombre croissant de cas d’infections COVID-19 au Luxembourg, le gouvernement a décidé que toutes les activités dans le secteur scolaire et éducatif resteront suspendues jusqu’au 3 mai 2020 inclus. Les établissements scolaires […]

! UPDATE: Fermeture complète jusqu’au 19 avril 2020 inclus !

AVIS OFFICIEL DU GOUVERNEMENT AUX APPRENANTS DE L’INSTITUT NATIONAL DES LANGUES Luxembourg, le 18 mars 2020     Madame, Monsieur,   Face au nombre croissant de cas d’infection COVID-19 au Luxembourg, le gouvernement a décidé que toutes les activités dans le secteur scolaire et éducatif seront suspendues du 16 mars au 19 avril 2020 inclus. […]

Coronavirus COVID-19 Informations et directives

Veuillez trouver les informations et directives sur le Coronavirus COVID-19 sous le lien suivant: Corona

25/02 – Fermeture exceptionnelle guichet d’accueil INL Mersch

Le guichet d’accueil et d’information de l’INL Mersch fermera exceptionnellement ce mardi, 25/02 à 12h15.

EXAMEN L.A.F. Mäerz 27 am INL

Niveauen: B1 C1 Moies gi fir den Niveau B1 d’Examen an de Kompetenzen HV, LV, SA* gepréift. Fir den C1 gi moies LV an SA gepréift.   Am Nomëtteg sinn déi mëndlech Examen (MA)*. Fir den C1 gëtt d’Héierverstoe mam Mëndleche getest (HV+MA).   Schéckt Ären Umeldungsformulaire op laf-sproochentest@inll.lu Meldeschluss ass den 26. Februar 2020. […]