Coursen: generell Coursen, spezifesch Coursen

Frequenz: 1 bis 2 mol pro Woch

Dauer vun enger Unitéit: 100 Minutten

Dauer vun de Coursen: 1 Semester

Plazen: INL-Glacis, INL-Belval

D’spuenescht Departement

D’Equipe am spueneschen Departement besteet aus véier qualifizéierte spuenesche Mammesproochler, déi hir Studien u spueneschen Universitéiten absolvéiert hunn. Si sinn ausserdeem als Enseignantë fir Spuenesch als Friemsprooch ausgebilt a verfügen iwwer vill Erfarung an der Erwuessenebildung. Duerfir sinn eis Spueneschcoursë ganz beléift an ëmmer gutt besicht.

Als Mammesprooch vu 470 Millioune Leit ass Spuenesch déi am zweetheefegste geschwate Sprooch op der Welt. Spuenesch ass déi offiziell Landessprooch a méi wéi zwanzeg Länner an a verschiddenen internationalen Organisatiounen a vertrëtt eng joerdausendal, iwweraus räich a villfälteg Kultur.

Den INL bitt Spueneschcoursë vum Niveau A1 bis C1 un. Zousätzlech zu den allgemenge Sproochecoursë gesäit de Programm méi speziell Coursë vir, wéi Konversatiounscoursen a Coursen iwwer spuenesch Kultur (jee no Schouljoer).

Ufänger-Niveau

Tëschen-Niveau

Fortgeschrëttenen-Niveau

 NEIEGKEETEN

Literaresch Table ronde den 23.10.2019 um 19.00 Auer

 Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19.00 Auer am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis: Roland HARSCH (2001: Laub und Nadel) Nico HELMINGER (2014: Abrasch / 2018: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge) Roland MEYER (2015: Roughmix) […]

Réinscriptions à partir du 09/09/2019 via MyINL

Nous nous excusons pour le ralentissement de notre Portail qui est dû au trafic intense des réinscriptions. Veuillez patienter et réessayer plus tard de vous réinscrire.

Journées d’orientation et d’inscription 16.09 & 17.09 & 23.09

Uniquement sur rendez-vous via MyINL : https://inscription.insl.lu/cll_public_da.aspx

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Den „Institut national des langues“ (INL) bitt ab Hierscht 2019 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) un. D’Formatioun vun 120 Stonne riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte  Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen. D’ Formatioun ass folgend Samschdeger, ëmmer vun 9-12 […]