
Coursen: generell Coursen, spezifesch Coursen
Frequenz: 1 bis 3 mol pro Woch
Dauer vun enger Unitéit: 100 Minutten
Dauer vun de Coursen: 1 Semester
Plazen: INL-Glacis, INL-Mersch, INL-Belval
D’däitscht Departement
D’däitscht Departement vum INL besteet aus ronn enger Dosen Enseignanten. Si alleguer – Mammesproochler wéi Lëtzebuerger Kollegen – hunn eng profund Ausbildung a Friemsproochevermëttlung an Erwuessenebildung a verfügen iwwer vill Erfarung. Genee dës Kompetenze maachen eis Coursen interessant, lieweg an héichwäerteg.
Däitsch ass eng vun den dräi offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg. An de leschte Joren ass den Intérêt un eise Coursë stänneg geklommen.
Iwwer déi allgemeng Sproochecoursë vum Niveau A1 bis C1 eraus probéiere mir a Spezialcoursen op déi verschidde Besoinen an Intressie vun eise Participanten anzegoen. Sou bidde mir z. B. „Deutsch für den Beruf“, en CCDL-Virbereedungscours fir Juristen, e Literaturcours souwéi Schreifcoursen un. E Konversatiounscours beschäftegt sech mat der Lëtzebuerger Aktualitéit a Kultur.
Ufänger-Niveau
Tëschen-Niveau
Fortgeschrëttenen-Niveau