Gitt Är Sich an

Sproochenzertifikater

Studéieren? Nei Aarbecht? Perséinlech Erausfuerderung? 

Dir braucht en Zertifikat, fir Är Kenntnisser an enger Friemsprooch nozeweisen? 

Den INLL organiséiert den Sproochentest an den LaF – Lëtzebuergesch als Friemsprooch.

Den INLL proposéiert och international Sproochenexamen an -tester an Zesummenaarbecht mam Goethe-Institut, dem TestDaf Institut, dem Cambridge Assessment English, dem British Council, dem Instituto Cervantes, France Éducation international, der Università per Stranieri di Perugia an der Universidade de Lisboa.

Mat eiser Hëllef kënnt Dir „fléissend” iwwer Är nei Liewensprojete schwätzen.

Iwwerbléck iwwer déi ugebuede Sproochenzertifikater

Et gi vill Zertifikatiounsorganismen, déi Sproochkompetenzen zertifiéiere kënnen. Mir organiséieren an Zesummenaarbecht
mam jeeweilegen nationale Referenzinstitut Sproochentester a verschiddenen europäesche Sproochen.

Däitsch

Goethe Zertifikat (Niveaux A2, B1, B2, C1)

Ugebueden Niveauen: A2, B1, B2, C1

Zu der offizieller Websäit

Test Deutsch als Fremdsprache (TestDaF, Niveaux B2 + C1)

Vun 2023 un, nëmmen Online-Versioun

Zu der offizieller Websäit

Englesch

Cambridge Assessment English (B1 Preliminary, C1 Advanced, C2 Proficiency)

Immigratioun a Studien
Verbesserung vun der Beschäftegungsfäegkeet

Zu der offizieller Websäit

International English Language Testing System (IELTS, Niveaux A1-C2)

Aschreiwung engleschsproocheg Universitéit an Immigratioun engleschsproochegt Land
2 verschidden Tester: IELTS Academic an IELTS General Training

Zu der offizieller Websäit

Franséisch

Diplôme élémentaire de la langue française (DELF Niveaux A2, B1, B2)

Ugebueden Niveauen: DELF A2, DELF B1, DELF B2

Zu der offizieller Websäit

Diplôme approfondi de la langue française (DALF Niveau C1)

Ugebuedenen Niveau: DALF C1

Zu der offizieller Websäit

Test de connaissance du français (TCF, Niveaux A1-C2)

Ugebueden Niveauen: A1/A2/B1/B2/C1/C2

Zu der offizieller Websäit

Italieenesch

Diploma della Lingua Italiana (CELI, Niveaux A1-C2)

Zu der offizieller Websäit

Lëtzebuergesch

Diplom LaF – Lëtzebuergesch als Friemsprooch

Niveauen A2, B1, B2, C1

Zu der offizieller Websäit

Sproochentest

De Sproochentest ass deen Test, deen Iech erlaabt, d’lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien. Gefrot ass den Niveau A2 am mëndlechen Ausdrock an den Niveau B1 am Héierverstoen.

Zu der offizieller Websäit

Portugisesch

Diploma de Português Língua Estrangeira (ACESSO-DUPLE, Niveaux A1-C2)

Zu der offizieller Websäit

Spuenesch

Diplomas de Español como lengua extranjera (DELE, Niveaux A1-C2)

Zu der offizieller Websäit