Formatioun iwwer
d’Lëtzebuerger Literatur, Sprooch a Kultur
(120 Stonnen)
Beschreiwung vun de Modullen
MODULE 1 : LITERATUR A KULTUR
INHALT
LËTZEBUERGER LITERATURGESCHICHT
OBJEKTIVER
Allgemeng Aféierung an d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur vum 19. Jh. bis haut.
Déi verschidde literaresch Genrë gi mat exemplareschen Texter virgestallt.
LITERATURDIDAKTIK
Rezeptioun, Interpretatioun vu literareschen Texter a méiglech Vermëttlung am Cours.
HISTORESCH A KULTURELL ASPEKTER
An dësem Kontext ginn an engem kuerzen Iwwerbléck d’Geschicht vum Grand-Duché, grad wéi seng Spezifizitéiten tëscht dem däitschen an dem franséische Sprooch- a Kulturraum virgestallt. Dobäi kommen ë. a. och déi verschidde kulturell Institutiounen an d’Medien zur Sprooch.
SOZIOKULTURELL
ASPEKTER
Hei ginn nieft gesellschaftlechen Aspekter déi ganz typesch Eegenaarte vu Lëtzebuerg aus dem Alldag thematiséiert wéi Fester, Bräich, Iessgewunnechten…
30
Stonnen
MODULE 2 : DIDAKTIK
INHALT
OBJEKTIVER
CECR
(Europäesche Referenzkader)
Den (spéideren) Enseignant léiert déi mëttel- a laangfristeg Objektiver vum CECR kennen. An engem Workshop gëtt vermëttelt, wéi d’Objektiver an d’Inhalter vun de Coursë praxis- a schülerorientéiert opzebaue sinn.
METHODIK
Den Enseignant léiert ënnerschiddlech Methoden am Cours anzesetzen, fir d’Klass ze motivéieren, staark a schwaach Schüler ze fërderen a Strategien z’entwéckelen, fir de Vocabulaire ze vermëttelen an d’Schüler beim autonome Léieren z’ënnerstëtzen.
ÜBUNGSMATERIAL
Den Enseignant léiert Zousazmaterial (Bicher an audio-visuellt Material wéi authentesch Texter, Flyeren, Zeitungsartikelen, Reportagen, Noriichten asw.) kennen a beuerteelen, geziilt auszesichen an am Cours anzesetzen.
ERWUESSENEBILDUNG
Den Enseignant gëtt an d’Grondkonzepter vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch (LaF) erugeféiert. Am Kontext vun der Erwuessenebildung léiert hien déi spezifesch Ëmstänn kennen, ënnert deenen Erwuessener eng Sprooch léieren.
Den Enseignant léiert och d’Klass ze geréieren, d’Schüler z’encouragéieren, eng angschtfräi Atmosphär an der Klass ze schafen a mat onerwaarte Situatiounen a Feeler ëmzegoen.
60
Stonnen
MODULE 3 : LINGUISTIK
INHALT
OBJEKTIVER
SPROOCHGESCHICHT
Den (spéideren) Enseignant léiert d’Lëtzebuerger Sproochgeschicht an de grousse Linne kennen.
ORTHOGRAPHIE
Den Enseignant léiert d’Grondzich vun der offizieller Schreifweis a gëtt mat Léierbicher, Computer- an Onlineprogrammer vertraut gemaach fir dëst Basiswëssen am Auto-Apprentissage (jee no perséinlechem Besoin) nach selwer weider ze verdéiwen.
PHONETIK
Induktiv Approche
Integrativ Approche
Den Enseignant kritt en éischten, kuerzen Abléck an d’Phonetik vum Lëtzebuergeschen. An deem Kontext ginn och phonetesch Eegenheeten ënnersicht, déi en Afloss op d’Orthographie hunn (N-Regel, Vermëllung, Vokalverdueblung asw.). Phonetesch Gesetzméissegkeete ginn unhand vu konkrete Beispiller erschafft.
Den Enseignant kritt iwwer entspriechend Text-Material Ureegungen, fir d’Phonetik am Cours (mat prakteschen Übungen) anzesetzen.
GRAMMATIK
Induktiv Approche
Integrativ Approche
Den Enseignant gëtt mat der Basis vun der Lëtzebuerger Grammatik a mam entspriechenden Zousazmaterial familiariséiert, fir adequat op méiglech konkret grammatesch Froe vun de Schüler am Cours anzegoen, woubäi d’Regelen iwwert déi konkret Textaarbecht vermëttelt an erkläert ginn.
Den Enseignant léiert iwwer induktiv an integrativ Methoden mat Texter déi grammatesch Aspekter esou auszeschaffen, datt se de Léierprozess vum Schüler ënnerstëtzen a seng schrëftlech a mëndlech Kommunikatioun fërderen.
30
Stonnen
EVALUATIOUN
Ofgeschloss gëtt d’Formatioun um Enn vun all Semester mat engem Test an/oder enger perséinlecher Aarbecht (déi en der Klass presentéiert gëtt) iwwert en Deelaspekt vum resp. Module (no Ofsprooch mam Titulaire), déi méiglechst praxis- a schülerorientéiert soll sinn.
ENCADRÉIERTEN
AUTO-APPRENTISSAGE
Grondsätzlech gëllt fir déi dräi Modullen, datt de spéideren Enseignant un d’Basis vun der Matière erugeféiert a begleet gëtt. Virausgesat gëtt dobäi allerdéngs de perséinlechen Effort fir deen een oder anere Sujet (jee no perséinlechem Besoin) selwer weider ze verdéiwen.
Bei dësem pädagogesch wichtegen Auto-Apprentissage, am Sënn vun enger méiglechst grousser Autonomie vum spéideren Enseignant an der Praxis, gëtt de Kandidat selbstverständlech vum respektiven Titulaire encadréiert a kritt z. B. mat Informatiounen iwwer Zousaz-Material weidergehollef.