Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK)
Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt ab Hierscht 2020 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.
Zilgrupp
D’Formatioun riicht sech u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.
Schwéierpunkten
De Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn. De spéideren Formateuren déi néideg theoretesch a praktesch, fachlech grad ewéi methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.
Inhalt
3 Module vun am Ganzen 120 Stonnen:
- Didaktik (60 Stonnen);
- Linguistik (30 Stonnen) ;
- Literatur a Kultur (30 Stonnen)
D’Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“.
Evaluatioun
D’Leeschtung an deenen eenzele Module gëtt duerch Tester (op 20 Punkten), schrëftlech Aarbechten, perséinlech Presentatiounen an eng Evaluation continue iwwerpréift. Eng regelméisseg Präsenz an en aktiivt Matschaffen an de Course gëtt virausgesat.
Ofschloss
Kandidaten, déi déi 3 Modulle mat Erfolleg ofgeschloss hunn, kréien den „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) , deen hinnen et erlaabt, iwwert en Agrément vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Lëtzebuergesch-Coursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze ginn.
Dauer an Horaire
- 2 Semester;
- vun Oktober 2020 bis Mee 2021;
- 20 x samschdes, vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer ; déi genau Datumer ginn nach kommunizéiert
Tarif
100 € pro Semester
Viraussetzunge fir ugeholl ze ginn
- „Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique“ oder en equivalenten (homologéierten) Diplom, mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen Minimum Niveau C1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen), respektiv 7 Joer Scolaritéit am Grand-Duché am ëffentlechen oder privaten Enseignement no de Programmer vum Ministère;
oder
- op d’mannst 5 Joer Enseignement vum Lëtzebuergeschen an der Zäit virun 2009.
Kandidatur
De perséinlechen Dossier soll schrëftlech mat dësen Dokumenter agereecht ginn:
- Aschreiwungsformulaire;
- Kopie vum Premièresdiplom oder eng (homologéiert) Equivalenz;
- Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat, souwéi déi perséinlech Virstellungen an Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn.
De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 31. Juli 2020.
Eng Selektioun gëtt opgrond vum Dossier gemaach.
Kontakt
Institut national des langues
21, bd de la Foire
L – 1528 Luxembourg
Luc Schmitz
luc.schmitz@inll.lu
Weider Informatiounen
Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 déterminant l’organisation de la formation préparant au „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“