
Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?
Den „Institut national des langues“ (INL) bitt ab Hierscht 2020 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) un.
D’Formatioun vun 120 Stonne riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.
D’ Formatioun ass 20x samschdes, vun Oktober 2020 bis Mee 2021, ëmmer vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer; déi genau Datumer ginn nach kommunizéiert,
Den Tarif ass 100 € pro Semester.
De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 31. Juli 2020.
All weider Informatiounen ënnert www.inll.lu/presentationzlsk