Le contenu de cette page n’est disponible qu’en langue luxembourgeoise.
This page is only available in Luxembourgish.

Formatioun fir Formateuren am Lëtzebuergeschen 2020-2021

„Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“

 

Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt ab Hierscht 2020 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.

 

Dauer an Horaire

D’ Formatioun ass vun Oktober 2020 bis Mee 2021,  20x samschdes vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer.

Déi genau Datumer ginn nach kommunizéiert.

Tarif

100 € pro Semester

Kandidatur

De perséinlechen Dossier soll schrëftlech mat dësen Dokumenter agereecht ginn:

  • Aschreiwungsformulär;
  • Kopie vum Premièresdiplom oder eng (homologéiert) Equivalenz;
  • Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat, souwéi déi perséinlech Virstellungen an Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 10. Juli 2020.

Eng Selektioun gëtt opgrond vum Dossier gemaach.

Kontakt

Institut national des langues

21, boulevard de la foire
L-1528 Luxembourg

Luc Schmitz
luc.schmitz@inll.lu

Weider Informatiounen

Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 déterminant l’organisation de la formation préparant au „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2009/11/06/n3/jo