Luxembourgeois C1

Zilpublikum

Avancéiert, net-lëtzebuergesch Apprenanten an interesséiert Mammesproochler

Viraussetzungen

Zolitt Kompetenzen am geschwatenen a geschriwwene Lëtzebuergesch um Niveau B2/C1 (nom CECR): D’Apprenante sollten eng confirméiert Experienz vun op d’mannst e puer Joer an der Sprooch hunn, déi morphosyntaktesch Strukture kennen, d’Basis vun der Orthographie beherrschen an och en elaboréierte Vocabulaire hunn, mat deem se op eng adequat Manéier authentesch Kommunikatiounssituatiounen autonom geréiere kënnen, op der Basis vun deene véier Kompetenze vum CECR fir dësen Niveau.

Approche

Schaffen am Grupp iwwer aktuell Sujeten, Diskussiounen, Exposéen…

Objektiver

Um Enn vum Cours misst Der capabel si fir:

  • méi laang Texter vun engem gewësse Schwieregkeets- a Komplexitéitsgrad ze verstoen.
  • Iech op eng spontan a flësseg Manéier auszedrécken.
  • d’Sprooch op eng flexibel an efficace Manéier am Alldag ze benotzen, esouwuel am professionelle wéi och schouleschen oder private Beräich.
  • Iech am Kontext vu méi komplexe Sujeten um mëndlechen a schrëftlechen Beräich op eng korrekt, kloer, nuancéiert a präzis Manéier ausdrécken.

Dir kënnt z. B.

  • en Debat op der Tëlee suivéieren.
  • den Inhalt vun engem méi komplexe journalisteschen Artikel verstoen an dovun e Resumé maachen.
  • an enger Diskussioun kompetent kommunizéieren an eng perséinlech Positioun verdeedegen.
  • en aktuelle Sujet presentéieren.

„Certificat de participation“

Fir en „Certificat de participation“ um Enn vum Cours ze kréien, ass et virgesinn, datt all Apprenant e kuerzt Referat an engem korrekten a flëssege Lëtzebuergesch iwwert e Sujet au choix am Grupp presentéiert, dee sech thematesch awer an de Kader vum Cours integréiert. Dee schrëftlechen Deel vun dëser perséinlecher Aarbecht soll dobäi esouwuel morphosyntaktesch wéi orthographesch korrekt presentéiert sinn.

Déi aktiv Participatioun am Cours spillt heibäi och mat eng Roll.

Aarbechtsmaterial

Aktuell Texter, Emissiounen um Radio, op der Tëlee…

Niveau C1

A1
A2.1
A2.2
A2
B1.1
B1.2
B1.3
B2.1
B2.2
B2.3
C1