Luxembourgeois B2.2 atelier

Léierziler

Um Enn vum Cours sollt Dir capabel sinn:

  • d’Haaptinhalter vu méi engem laangen Text resuméieren, an engem kuerze
    Virtrag presentéieren a kommentéieren
  • sech mat aktuellen Theme befaassen, seng Astellung / seng Gefiller an enger
    informeller (kontroverser) Diskussioun äusseren

 

Supporten

Authentesch Dokumenter (ë.a. Radio, Tëlee, Affichen, Reklammen, Artikelen, etc.)

 

Evaluatioun

De Cours gëtt a Form vun engem Atelier ofgehalen.
D’ Evaluatioun geschitt nom Prinzip vun enger sougenannter formativer Evaluatioun, den Apprenant soll sech deemno aktiv um Cours bedeelegen a muss och am Laf vum Semester e
Referat iwwert e Sujet am Rapport mat den Themen, déi am Cours behandelt goufen (an no Ofsprooch mam Proff) presentéieren a schrëftlech ofginn. Déi genee Modalitéite gi während dem
Cours bekannt ginn.
Sinn dës Konditiounen erfëllt, kritt den Apprenant zum Schluss vum Semester en „Certificat de participation“.
En offizielle B2 Ofschloss kann den interesséierten Apprenant am Kader vum LaF Test maachen (Datumer a Konditioune sinn op der Homepage www.inll.lu ze fannen).

 

Niveau B2.2

A1
A2.1
A2.2
A2
B1.1
B1.2
B1.3
B1
B2.1
B2.2
 
 
B2.3
B2
C1