Luxembourgeois B2.1 atelier

Léierziler

Um Enn vum Cours sollt Dir capabel sinn:

  • en einfache literareschen Text ze verstoen a real oder imaginär Evenementer kloer ze
    beschreiwen
  • d’Haaptaussoen zu engem gesellschaftlechen Thema ze verstoen, kloer ze
    beschreiwen a kuerz an informell ze kommentéieren
  • d’Beschreiwung vun engem aktuellen, gesellschaftleche Phenomen ze verstoen an
    aktiv un enger informeller Diskussioun deelzehuelen

 

Supporten

Authentesch Dokumenter (ë.a. Radio, Tëlee, Affichen, Reklammen, Artikelen, etc.)

 

Evaluatioun

De Cours gëtt a Form vun engem Atelier ofgehalen.
D’ Evaluatioun geschitt nom Prinzip vun enger sougenannter formativer Evaluatioun, den Apprenant soll sech deemno aktiv um Cours bedeelegen a muss och am Laf vum Semester e Referat iwwert e Sujet am Rapport mat den Themen, déi am Cours behandelt goufen (an no Ofsprooch mam Proff) presentéieren a schrëftlech ofginn. Déi genee Modalitéite gi während dem Cours bekannt ginn.
Sinn dës Konditiounen erfëllt, kritt den Apprenant zum Schluss vum Semester en „Certificat de participation“.
En offizielle B2 Ofschloss kann den interesséierten Apprenant am Kader vum LaF Test maachen (Datumer a Konditiounen sinn op der Homepage www.inll.lu ze fannen).

 

Niveau B2.1

A1
A2.1
A2.2
A2
B1.1
B1.2
B1.3
B1
B2.1
 
 
B2.2
B2.3
B2
C1